Fonctioun :
Gestioun vun der administrativer Aarbecht vum CEO, dozou gehéiert virun allem :
Organisatioun vu Rendez-vousen, Gestioun a Koordinatioun vun den Agendaen
Entgéinthuele vun Uriff, Kontakter mat den Autoritéiten a mat der Clientèle
Reunioune preparéieren
Kleng Eventer eegestänneg organiséieren an de Suivi dovunner maachen
Courrier konzipéieren a redigéieren
Profil :
Vu Formatioun hutt Dir op d’mannst e BTS als Direktiounsassistent(in) oder e gläichwäertegen Diplom
Dir hutt e puer Joren Experienz an enger änlecher Fonctioun
D’Beherrschung vun de Sprooche lëtzebuergesch, franséisch, englesch an däitsch ass eng wichteg Viraussetzung
Dir hutt exzellent Kenntnisser vun de geleefege Computerprogrammer (MS-Office) an Notioune vu Kommunikatioun
E gudden Ëmgank mat eiser Clientèle a mat eise Geschäftspartner ass selbstverständlech
Dir sidd gewëssenhaft an ärer Aarbecht, flexibel an net u fest Aarbechtszäite gebonnen
Dir sidd dynamesch, kënnt Eegeninitiativ ergräifen a Prioritéite setzen.
Diskretioun ass onbedéngt noutwenneg